Episode 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg
2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.
An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentlechen Transport sinn.
Den Optakt vun eiser Rees queesch duerch d’Minett UNESCO Biosphere ass zu Beetebuerg.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: D‘Collartsschlass
Fir d’Opnam vum 1. Podcast vun der neier Saison hate mer Rendez-vous am fréiere Bureau vum Eugène Collart, engem Entrepreneur an Industriellen, deem senger Famill d’Schlass, wat 1733 gebaut gouf, zënter 1807 gehéiert hat.
1971 ass d’Schlass vun der Famill Collart un d’Gemeng Beetebuerg verkaf ginn, déi, no gréisseren Ëmbauaarbechten, zënter den 1990er hei hir Administratioun ënnerbruecht huet.
Eis Gäscht: Laurent Zeimet a Jean Marie Jans
Fir den éischten Episod vum Minett Mash-Up an dësem Joer hate mer direkt zwee Gäscht. De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet an de Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans.
Mam Laurent Zeimet hu mer iwwert säi Wee an d’Politik, seng berufflech Erfarungen am Journalismus an den Challenge geschwat, wéi een als Député-Maire Politik a Famill ënnert een Hutt ka kréien.
De Jean Marie Jans huet mat eis iwwert d’Mobilitéitskonzept vu Beetebuerg geschwat, hien huet eis verrode firwat hien als „richtege“ Beetebuerger zu Klierf op d’Welt komm ass an datt hien all Fréijoer mat Spannung op ee ganz speziellen Awunner vu senger Gemeng waart.
De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/
Followed eis op Instagram
D'autres épisodes de "Minett Mash-Up: De Podcast"
Ne ratez aucun épisode de “Minett Mash-Up: De Podcast” et abonnez-vous gratuitement à ce podcast dans l'application GetPodcast.