Wou deet et wéi? podkast

Wou deet et wéi?

RTL Radio Lëtzebuerg

An dësem Podcast mat HRS schwätzt de Camille Ney mat sengem Co-Host, dem Prof. Dr. Claude Braun, Directeur médical an den Hôpitaux Robert Schuman, mat Dokteren an internationalen Experten iwwer allerlee aktuell Gesondheetsfroen, de Fortschrëtt an der Medezin an an de Soinen am Laf vun der Zäit.

5 odcinki(-ów)

  • Wou deet et wéi? podkast

    Anesthesie, 21/01/2022 00:00

    De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Dr. Cyril Thix an Dr. Marco Klop Wéi ass d’Anesthesie entstan, wou kënnt se hir? Mat wat gouf a gëtt entschlof? Wat ass en Anesthésist a firwat brauch een hie fir eng Operatioun? Wat sinn eventuell Niewewierkunge vun der Anesthésie ? Muss een Angscht hu virun der Anesthésie ? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...
  • Wou deet et wéi? podkast

    Gynekologie an Obstétrique, 18/12/2021 00:00

    De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mam Gynekolog Dr. Marc Stieber an der Hiewan Kristel von Laufenberg Wat ass den Ënnerscheed tëscht Gynécologie an Obstétrique? Wat sinn heefeg gynekologesch Krankheeten a wéi gi se behandelt ? Ab wéi engem Alter soll een en Test op Gebärmutterhalskribs maachen ? Wéi hu béid Disciplinnen an de leschte Joeren evoluéiert ? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...
  • Wou deet et wéi? podkast

    Nie przegap odcinka z kanału Wou deet et wéi?! Subskrybuj bezpłatnie w aplikacji GetPodcast.

    iOS buttonAndroid button
  • Wou deet et wéi? podkast

    D'Ausbildung vun Infirmier/ière an Aide-Soignant/en, 11/11/2021 00:00

    Rieds geet e.a. iwwer d’Problemer vum Recrutement an de Gesondheetsberuffer... Am 3. Episod vum Podcast Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play sinn d’Maggy Schmit, Infirmière an der Hyperbare, der Diabetesklinik, an de Wilfried Kottmann, Member vun der HRS-Delegatioun a Wondmanager, d’Gäscht vum Dr. Claude Braun an dem Camille Ney...
  • Wou deet et wéi? podkast

    Urologie, 14/10/2021 00:00

    De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mat den Urologen Dr. Patrick Krombach an Dr. Bernd Meyer Wéi dacks a firwat soll ee bei en Urolog goen? Wat ass d’Prostate a fir wat ass se do? Wat ass en Nieresteen? Wéi kënnt et zum Kriibs vun der Blos a vun der Prostate? Wat sinn d‘Risikofaktoren? Gëtt et eng genetesch Veranlagung? Wat kann ee maache fir dee Kriibs ze verhënneren? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...
  • Wou deet et wéi? podkast

    Ophtalmologie, 30/09/2021 00:00

    De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney schwätze mat den Aendokteren Dr. Emilie Costantini an Dr. Michelle Thill-Berna Wéi dacks a firwat soll ee bei en Aendokter goen? Wat ënnerscheed d'Analyse vum Aendokter vun där vum Optiker? Wat sinn déi heefegst Krankheete vun den Aen? Op wéi eng Symptomer soll een oppassen? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast eng Äntwert gëtt...

Odkrywaj najlepsze podcasty dzięki bezpłatnej aplikacji GetPodcast.

Subskrybuj ulubione podcasty, słuchaj odcinków offline i sprawdzaj najlepsze polecane podcasty.

iOS buttonAndroid button